Rechts- a Wirtschaftsiwwersetzungen

 

Vertraut Är juristesch Iwwersetzungen enger spezialiséierter Iwwersetzerin un, déi souwuel Iwwersetze wéi och Droit studéiert huet. Sou hutt Dir d’Garantie, dass Är juristesch Dokumenter vun enger Spezialistin iwwersat ginn, déi net nëmme verschidde Sprooche beherrscht, mä och zolidd Kenntnisser vun de Rechtssystemer vu verschiddene Länner, vum internationalen an europäesche Recht, vun der Rechtsvergläichung an der franséischer, däitscher, spuenescher an englescher juristescher Terminologie huet.

Haaptfachgebidder:

• Wirtschaftsrecht
• Gesellschaftsrecht
• Vertragsrecht
• Recht vum geeschtegen Eegentum
• Markerecht (Uniounsmark)
• Familljerecht (Scheedung, Adoptioun)
• Strofrecht
• Mënscherechter
• Europäescht Recht
• Internationaalt ëffentlecht Recht
• Internationalen Arbitrage
• Internationalen Handel

Haaptdokumenter:

• Kontrakten a Konventiounen
• Geriichtsakten
• Geriichtsuerteeler
• Uerteeler vu Schiedsgeriichter
• Zeienaussoen
• Juristesch Expertisen
• Satzungen
• Resolutioune vun den Actionnairen
• Protokoller
• Allgemeng Geschäftskonditiounen
• Notariell Akten
• Geschäftskorrespondenz

Däitsch > Franséisch
Spuenesch > Franséisch
Englesch > Franséisch
Lëtzebuergesch > Franséisch

Gratis Devis fir Är Rechts- a Wirtschaftsiwwersetzungen

Vertraulechkeet garantéiert